Skip to content

BEI EIS SIDD DIR RICHTEG!

FUERT SECHER & KRITT ÄRE FÜHRERSCHÄIN

Wëllkomm an der Walfer Fahrschoul!

Eis fannt Dir zu Bäreldeng an der Gemeng Walfer.
Mat Begeeschterung a Leidenschaft fir dëse Beruff, ënnerstëtzt durch eis 20 Joer Erfahrung am Fahrunterrecht, freeë mir eis Äre Vertrauenspartner fir de Führerschäin ze ginn.

Mir beméien eis Iech optimal Ënnerstëtzung ze ginn vun der Aschreiwung bis hin zum Führerschäin:

gutt an nëtzlech Rotschléi.

eng optimiséiert Organisatioun vun de Rendez-vousen fir de prakteschen Deel.

autoecole teorie

Theorieklassen

D‘Theoriecoursen vum « Code de la Route » ginn am Moment op Lëtzebuergesch a Franséisch gehal.

Horairen vun der Théorie:

Franséisch

MÉINDEG18:00 – 20:00

Lëtzebuergesch

DËNSCHDEG18:00 – 20:00
DONNESCHDEG18:00 – 20:00

NOOSTEN EXAMENZENTER
SANDWEILER

Nodeems Dir Ären obligatoreschen Theorieunterrecht ofgeschloss hutt (minimum 12 Stonnen), kënnt Dir e Rendez-vous fir den Examen ufroen, dee bei der SNCA stattfënnt

Société Nationale de Circulation Automobile (SNCA)

Oder, huelt lech e Rendez-vous fir den Theorie-Examen iwwer: MyGuichet.lu

D’Simulatioun vun engem Théorie-Examen fannt Dir op der internet-Säit vum SNCA: Theoretische Prüfungsfragen (Testen Sie Ihr Wissen)


Praxis Coursen

Praktesch Coursen ginn op Lëtzebuergesch, Franséisch a Portugisesch ugebueden an, am Moment, nëmme fir Kategorie B.

D’praktesch Examen, fir d’Kandidaten aus der Walfer Fahrschoul, ginn op Rendez-vous vum Examenzenter Findel oder Sandweiler statt. D’Walfer Fahrschoul mellt de Kandidat fir de Praxisexamen un.

autoecole practique

Präisser

ASCHREIWUNG & THEORIE

Kategorien B, F, AM, A1, A2

Aschreiwungskäschte: 52€

Taxe: 33€

12 Stonnen theorie: 180 €

265€

PRAXIS

Kategorie B

16 Stonnen praxis (74€/Stonn): 1184 €

 Examen: 110 €

1294€

ERWEIDERUNG AN ENG ANER KATEGORIE

Theorie fir Kategorien B, F, AM, A1, A2

Aschreiwungskäschte

Taxe

6 Stonnen theorie

175€

AM FALL VUN DER WIDDERHUELUNG VUM THEORIE-EXAMEN

6 Stonnen theorie

 Nei Taxe d’enregistrement

123€

AM FALL VUN DER WIDDERHUELUNG VUM PRAXISEXAMEN

8 Stonnen praxis

Taxe

Examen

735€

HEEFEG FROEN

Wéi soll ech virgoen fir mech an der Walfer Fahrschoul anzeschreiwen?

All Kandidat muss mat all den néidegen Dokumenter (ënnert: Aschreiwung) an d’Walfer Fahrschoul kommen fir sech anzeschreiwen. Duerno gëtt eng Demande fir de Führerschäin ausgefëllt fir e Léier-Zertifikat ze kréien.

Wéi a wéini kréien ech mäi Léier-Zertifikat?

Wichteg ass et de Léier-Zertifikat ze Ënnerschreiwen! Handelt et sech em ee mannerjärege Kandidat an/oder enger „conduite accompagnée“, ass och d’Ennerschrëft vun der Persoun déi matfiert néideg. 

Nom bezuelen vun den Aschreiwungskäschten, schéckt d’Walfer Fahrschoul de Zertifikat un den “Service Führerschäin” vun der Société Nationale de Circulation Automobile (SNCA) weider. 

D’SNCA schéckt de Léier-Zertifikat, per Post, un de Kandidat.

Wéini kann ech um éischten Theorieunterrecht deelhuelen?

Är Bedeelegung um Theorieunterrecht ass ab dem Moment méiglech wo Dir mam Léier-Zertifikat an d’Fahrschoul kommt.

Betreffend den Theorie-Examen: Wéini muss ech mäi Rendez-vous maachen a wéi eng Dokumenter sinn néideg?

Wann dir 12 Stonnen Theorieunterricht an der Walfer Fahrschoul ofgeschloss hutt, kënnt Dir ee Rendez-vous fir den Theorie-Examen ufroen. 

Fir den Examen musst Dir Ärer Identitéitskaart, Ären richteg ausgefëllten an ënnerschriwwene Léier-Zertifikat dobäi hunn.

Théorie gepackt an elo?… mir fueren!

Dir kommt mat Ärem Léier-Zertifikat an d’Fahrschoul a gitt der Walfer Fahrschoul Äer Disponibilitéiten un, esou datt e Stonneplang fir Iech etabléiert ka ginn. 

Eng Waardezäit bis dass een ufänkt mat fueren ka méiglech sinn, ofhängeg vun Ärer Disponibilitéit an déi vum Fahrlehrer. 

Wat brauch ech fir meng Fahrstonn?

Dir musst ëmmer Är Identitéitskaart an Äre Léier-Zertifikat dobäi hunn (Am Beschtent, kann Dësen och vum Fahrlehrer versuergt ginn).

Wéini kann ech begleet fueren? U wat muss ech denken?

No dem erfollegräichen Ofschloss vum Theorie-Examen an Ofschloss vun den éischten 12 Stonnen Praxis mam Fahrlehrer ( inklusiv 2 Stonnen a Präsenz vum Begleeder), kritt Dir Ären ausgefëllten an ënnerschriwwene Zertificat fir d’Begleetfahrt unzefänken.

U wat muss ech denken?

är Identitéitskaart,
äre Léier-Zertifikat,
e rouden L,
e Réckspigel fir d’Begleetpersoun.
Wéini kann ech de Stroossetest maachen?

Zougang zum prakteschen Examen ass nëmme méiglech wann de Kandidat:

18 Joer huet,
an op d’mannst 16 Stonne mat der Fahrschoul geübt huet.

D’Fahrschoul bekëmmert sech em d’Ufro fir de Rendez-vous vum Examen.

NB D’Datumen an d’Auerzäiten gi vun der SNCA opgestallt, ofhängeg vun der Unzuel vun Examen, déi d’Fahrschoul ufreet. Dofir ass et wichteg dëst mat Zäiten ze maachen fir dësen Examen ze plangen.

Umeldung

Néideg Dokumenter fir d’Aschreiwung
Eng rezent Identitéitsfoto (vu vir geholl) am 45 x 35mm Format
E Certificat médical datéiert vu manner wéi 3 Méint
E Steierstempel vun 30 Euro (kritt Dir an der Fahrschoul)
Wann de Kandidat Mannerjäreg ass: eng Kopie vum Identitéitsdokument an d’ Demande muss vum Erzéiungsberechtegten ennerschriwwe sinn
Wann de Kandidat iwwer 18 ass: e rezenten Extrait vum Casier Judiciaire N ° 4 (dëst Dokument kann och direkt vun der SNCA mat enger einfacher Ënnerschrëft vum Kandidat op der Demande recuperéiert ginn)
Wann de Kandidat manner wéi 5 Joer zu Lëtzebuerg wunnt: en Extrait vum Casier Judiciaire vun der leschter normaler Residenzplaz (am Ausland)
Eng Kopie vum valabelen Identitéitsdokument
Am Fall vun enger Begleetfahrt
Eng Kopie vum Führerschäin vun der Begleetpersoun
Eng Kopie vun der Identitéitskaart vun der Begleetpersoun
E spezielle Certificat vun der Assurance (Versécherer kontaktéieren)

Aschreiwungen, am léifsten op Rendez-vous. Besicht eis wärend d‘Öffnungszäiten.

Ëffnungszäiten

MÉINDES17:30 – 18:00
DËNSCHDEG17:30 – 18:00
DONNESCHDEG17:30 – 18:00